Zum Haaptinhalt sprangen

Schoul-Bous

De Kleeschen op Besuch am Cycle 1

05/12/2022


De Méindeg de Mëtteg huet de Kleeschen eis zesumme mam Houseker am Cycle 1 besicht. Zesummen hu mir him de "Léiwe Kleeschen" gesongen. De Kleeschen huet sech vill Zäit geholl an d'Kanner all eenzel begréisst. A sengem Gepäck hat hie fir jidder Kand e Boxemännchen, heiando allerdéngs och eng Rutt fir verschidde Kanner drun ze erënneren, wat si him ganz léif versprach hunn. Zum Schluss huet all Klass nach eenzel e Lidd gesongen fir dem Kleeschen an dem Houseker Äddi ze soen.

Och beim Cycle 2 huet de Kleeschen nach kuerz erageluusst a moie gesoot.



(Méi Fotoe fannt dir op den eenzelne Klassesäiten.)