Zum Haaptinhalt sprangen

Schoul-Bous

Télévie 2024 BOUSER SCHOUL

19/04/2024


D'läscht Joer huet d'ganz Bouser Schoul um Schoulsportdag fir den Télévie gesammelt.

D'Kanner vum C1 bis an de C4 ware super motivéiert a sinn zu Gréivemaacher "op Flohr" Ronn fir Ronn gelaf! Si hate sech virdrun all Sponsore gesicht, déi si kräfteg ënnerstëtzt hunn. Mir hunn als Schoul zesummen iwwer 10.000€ gesammelt!!!

Fir dës Top-Leeschtung si mir dëse Samschdeg 20. Abrëll um 20h live op RTL an iwwerreechen hei eise Check. Sidd all derbäi!