Zum Haaptinhalt sprangen

Schoul-Bous

Den C3.1 um Niklostour duerch Réimech

02/12/2022


De Mëttwoch den 30. November waren déi zwou Klassen aus dem C3.1 op de Spueren vum Zinniklos duerch Réimech ënnerwee. Den Saint Nicolas ass nämlech de Schutzpatroun vun där Stad an dofir fënnt deen nach munch een Eck deen un hien erënnert. D'Kanner hu vill Legenden iwwert denn Zinniklos kennegeléiert, konnten d'Glacken am Kierchenturm an vill schéi Fënsterbiller an Statuen vum Saint Nicolas bestaunen, iwwert den Béi vum Kiercheschëff trëpplen, dem Kleeschen ee Lidd virdroen an him hir Biller a Bastelaarbeschten schenken. Ee Video vum Nikloslidd fann Dir op eiser Cyclesäit.